Eng Rauten-Zaang

Substantiv f (pl: Zaangen)

Aussprooch (IPA): [t͡saːŋ]

Bedeitungen:

1. Am Kaartespill, d'Kaart tëscht der Néngtchen an dem Bauer.
  • Ech hunn de Kinnek gespillt an hien huet d'Zaang opginn.
2. En Handwierksgeschir fir zouzepëtzen oder duerchzepëtzen
  • Huel d'Zaang fir de Rouer bäizedréinen.
3. An der Zammerei eng Konstruktioun am Daachstull.
  • En huet dräi Zaangen agebaut, soss wier den Daach aausernee gefall.
4. Am iwwerdroene Sënn eng domm Situatioun oder fir eppes zaangenähnleches duerzestellen.
  • En hat mech an der Zaang (Ech wousst net méi an nach aus).
  • Wat huet deen e Puer Zaangen (fir kräfteg Hänn).

Ofgeleet Begrëffer:

  • Déi verschidden Zorte vun Zaangen wéi z. B.: Houfzaang, Rouerzaang, Hoerzaang, Feierzaang, Drotzaang, Pëtzzaang, Zockerzaang etc. ...
  • Gezaangs: e Sortiment oder Sammlung vun Zaangen
    • De Schouster hat awer e Gezaangs do leien.

Iwwersetzungen

änneren