D'Méizuel ofgekierzt pl, kann am Lëtzebuergeschen op en ettlech Manéiere gebilt ginn. Et gëtt keng allgemeng Regel, sou datt een einfach muss wëssen, wéi d'Méizuel ass.

Déi heefegst Endunge sinn:

-en

d'Frapl = d'Fraen
d'Wonnpl = d'Wonnen

-er

d'Bettpl= d'Better
den Dëschpl = d'Dëscher

Wierder déi aus dem Franséische kommen, kréien am allgemengen d'Endung -(e)n an der Méizuel:

de Clientpl = d'Clienten
de Wagonpl = d'Wagonen
d'Ficellepl = d'Ficellen

Datselwecht gëllt fir Wierder déi aus anere Sprooche kommen:

den Toreadorpl = d'Toreadoren
d'Paprikapl = d'Paprikaen
de Computerpl = d'Computeren

Verschiddener changéieren de Vokal oder Duebellaut an der Méizuel:

den Nummpl = d'Nimm
de Ploupl = d'Pléi
de Schafpl = d'Schief

Aner Substantiver bleiwen onverännert:

d'Päerdpl = d'Päerd
de Schongpl = d'Schong
de Fréisserpl = d'Fréisser

En etlech changéieren e Konsonant an/oder e Vokal, an/oder kréien eng Silb méi:

d'Blatpl = d'Blieder
d'Hauspl = d'Haiser
d'Mauspl = d'Mais
d'Glaspl = d'Glieser

Zu gudder Lescht gëtt et nach déi, déi en en an der Eenzuel hunn, an deen an der Méizuel verléieren:

den Deputéierten pl = d'Deputéiert.