Wiktionnaire:Adminkandidaturen

Op dëser Säit gëtt iwwert d'Verdeelung vu Sysop- a Bureaukraterechter ofgestëmmt. All Benotzer deen zanter zwéi Méint derbäi ass, ka virgeschloe ginn, a jiddwereen, op ugemellt oder net, ka seng Meenung derzou soen. Bei der Ofstëmmung selwer ginn awer nëmmen d'Stëmme vun ugemellte Benotzer gezielt.

All Meenungsäusserung an all Stëmm fir de Kandidat w.e.g. mat der Véier-Tilden-Ënnerschrëft--~~~~“ markéieren.

Déi zur Zäit gülteg Reegele si folgend: (Stand: 05. Juli 2025)

  • Jiddwer ugemellte Benotzer, deen (um Ufank vun der Ofstëmmung) op d'manns zanter zwéi Méint mat derbäi ass, ka virgeschloe ginn.
  • Eegennominatioune sinn och méiglech.
  • De Kandidat soll seng Benotzersäit op dësem Projet ausgefëllt hunn.
  • Hie soll och eng valabel Kontaktadress hunn (sief et eng valabel Email-Address an den Astellungen oder op der Benotzersäit fir datt e kann ugeschriwwe ginn.)
  • Well all Benotzer genee eng Stëmm huet, ginn nëmmen d'Stëmme vun den ugemellte Benotzer gezielt.
  • Am Prinzip dauert d'Ofstëmmung eng Woch.
  • De Kandidat gëllt als gewielt wa mindestens 2/3 vun de Stëmme Jo-Stëmme sinn.
  • Kontrastëmme musse motivéiert ginn, soss gëlle se net.
  • Well dëse Projet als Haaptzil lb als Sprooch huet sollen d'Kandidate wa méiglech an hirem Babelstatus lb als Mammesprooch hunn.
  • D'Walen dauere jeeweils eng ganz Woch (7 Deeg): sie fänken den 1. Dag no der Opstellung vun der Kandidatur ëm 0:00:00 Auer (offiziell Zäit zu Lëtzebuerg) un (Beispill Kandidatur sonndes um 15:00 Auer: Ufank vun der Ofstëmmung: dënschdes um 0:00:00 Auer an deemno Schluss vun der Ofstëmmung déi Woch drop um 23:59:59 Auer.

Dës Reegele kënne spéider, wa méi Benotzer ugemellt sinn, nach ugepasst ginn.

Informatiounen iwwert d'Aufgaben an d'erweidert technesch Méiglechkeete vu Benotzer mat Sysop- oder Bureaukratestatus fannt Dir op der Säit Administratoren.

Fäerdeg Ofstëmmunge kommen an enger zweeter Phas an d'Archiv.


Ech melle mech als Kandidat fir Admin. --RoudeLéiwHuelSe (Diskussioun) 16:07, 28. Jul. 2022 (UTC)[äntweren]

Erneierung vun der Kandidatur änneren

Ech erneiere meng Kandidatur fir Admin --RoudeLéiwHuelSe (Diskussioun) 13:39, 24. Feb. 2023 (UTC)[äntweren]

Erneierung vun der Kandidatur änneren

Ech erneiere meng Kandidatur fir Admin --RoudeLéiwHuelSe (Diskussioun) 09:36, 30. Okt. 2023 (UTC)[äntweren]