Pätter
Substantiv m (pl: Pätteren)
Aussprooch (IPA): ['pɛtər] Aussprooch (pl): ['pɛtərən]
Bedeitung:
- De Pätter ass déi Persoun déi bei der Daf vun engem Kand, d'Verantwortung iwwerhëlt, datt d'Kand de Glawen, op deen et gedeeft gouf, matgedeelt kritt a selwer an deem Glawe liewe kann.
- D'Kand gëtt Jacques genannt, grad ewéi säi Pätter.
- Ëmgangssproochlech fir verschidde Saachen oder Leit ze bezeechnen.
- Kuck emol dee Stéier. De Jemp huet deen ale Pätter nach ëmmer.
- De Pätter do op der Bänk, huet schonn iwwer nonzég Joer.
Ausdréck:
- Bei deem Geschäft war ech Pätter ginn. (Ech hat näischt derbäi verdéngt, oder ech hat nach Sue bäigeluecht)
- E gelungene Pätter. (En drolege Mënsch)
Weiblech Form:
- Dat weiblecht Géigestéck ass d'Giedel
Kuckt och:
Iwwersetzungen