Pb
 
Bläi

Substantiv m (keng Méizuel)

Aussprooch (IPA): [blɛːi]

Bedeitungen:

  1. Gëftegt Schwéiermetall, dat sech liicht verforme léisst an eng sëlwreg Faarf huet.
    • Fréier goufe vill Réier aus Bläi hiergestallt.
  2. Dacks gebraucht am Sënn vun engem Plomb
    • Den Douanier huet e Bläi op d'Këscht gemaach.
  3. am Juegdjargon gebraucht fir Schrout.
    • Wat fir ee Bläi hëlls de fir op d'Intejuegd.
  4. e klengt Stéck vun dem Metall, fir op eng Fëschschnouer ze maachen.
    • Pass op, wa vill Stréimung ass, muss de méi Bläi umaachen.
  5. En Handswierksgeschier z. B. vum Steemetzer dofir och dacks Senkel gesot

Ausdréck:


  Artikel op Wikipedia  Bläi