Wiktionnaire:Meenungsbild

Op dëser Säit ginn Iddie virgestallt a Virschléi gemaach, am Fall wou et fir e Projet oder Format méi Alternative gëtt an net direkt kloer ass, wéi eng déi am beschte gëeegent Iddi ass.

Virschléi solle mat der "Véier-Tilden-Ënnerschrëft „~~~~“ markéiert ginn.


Moien,

Fir den Ament hu mer am Wiktionnaire Kategorisatiounsschablounen an op d'mannst véier verschiddene Formater an Opmaachungen do stoen, wouvun der eng Partie net méi der Grondiddi entspriechen. D'Formatvirlag huet bis elo och keng besonnesch Plaz fir déi Schablounne virgesinn wat mat sech bréngt datt se hott an har an den Texter stinn, a leider och dacks do wou se a Konflikt mat anere Schabloune sinn. Da gëtt et der déi Doublonen hunn déi aus Gott wees wat fir enger Ursaach ugeluecht goufen.

Wann ee Propositiounen huet wéi déi Schablounen an Zukunft sollen ausgesinn a wou se an der Formatvirlag sollen agebaut ginn da kann en déi hei maachen. Am Fall wou keng Propositiounen alafen fänken ech a 14 Deeg un all déi Schablounen op en eenheetlecht Format ze verbesseren dat just deem vun der Grondiddi entsprécht nämlech datt se just do si fir d'Kategorisatioun méi einfach ze maachen. --Les Meloures (Diskussioun) 11:38, 5. Aug. 2022 (UTC)[äntweren]