Wiktionnaire:Eis Schreifweis
Lëtzebuergesch schreiwen
| ||
D'Grondprinzip: Vokalen … eenzel oder duebel ?Bei a - i - o - u
Dat gëllt och elo fir d'Verbformen alleguer, déi sech nom lëtzebuergesche Stack (Infinitiv) riichten an net nom däitschen:
Mä: opgepasst beim "e"!
De laang geschwaten e (Breedewee, Feierdeeg, deelen) ass ëmmer duebel, och wa just 1 Konsonant hannendru kënnt, an och, wa vir- oder hannendrun en ë kënnt (leeën, gëeelzt…). Beispiller fir ze vergläichen
Zesummegesate Wierder
Bei zesummegesate Wierder behält all Deel seng Schreifweis:
Dat gëllt och, wann e "Genitiv-s" dertëscht steet: Schof-s-pelz… Diphthongen a "Rutschlauter"Den "ei" gëtt wéi am Däitschen ausgeschwat:
D'Méizuel oder Ofleedunge vu verschiddene Wierder op "au" kréien "ai":
Déi typesch Duebellauter (Diphthongen a "Rutschlauter"), déi mir ze soen net am Däitschen oder Franséische fannen, dacks awer am Hollänneschen oder Engleschen, ginn esou geschriwwen:
Mat eiser Schreifweis kann een och typesch regional Lauter schreiwen: Millermoaler, Froaen, Guaart, hiän ass derniäft, d'Öuewersauer… D'Eifeler RegelDen n (um Enn vun engem Wuert oder bannent engem zesummegesate Wuert) gëtt net geschriwwen, wann en net ausgeschwat gëtt. Den n bleift also just stoe virun i-u-e-o-a / n-d-t-z-h oder engem Sazzeechen (dozou zielt och d'Klamer). Oppassen op d'Ausnamen
Stad - Stater - Staat ...Stad
Deemno gëtt et d'Stad Esch, d'Stad Ettelbréck, d'Stad Berlin asw.
Stater
Déi Escher Leit, déi Diddelenger Schmelz, de Stater Gemengerot, de Lëtzebuerger Béier asw.
Mir kennen den Escher an de Stater Conservatoire. Et gëtt de Stater Theater an den Escher Stadtheater. städtesch
franséische Wäin, lëtzebuergesche Wäin, schmäerzhaft Wierder, städtesch Bussen... Staat
Deemno gëtt et och de Staatsrot, d'Vereenegt Staate vun Amerika, de Staat Alaska... staatlech
staatlech Hëllef, de staatleche Pressespriecher, déi staatlech Schoulen... |
Den ë an den éë
Den ë steet ëmmer amplaz vum kuerz betounten däitschen ö. Ausnamen: Artikelen (den, dem), d'Firwuert (Pronomen) vun der 3. Persoun (em, en, es, et), an, wichteg: d'Wiertchen net:
é
Den é steet nëmmen a kuerze betounte Silben:
Ausnam: Possessivpronomen (meng, deng, seng). Kuckt d'Uertschaftsnimm: ass d'Silb betount, kënnt "é", soss "e":
Aner diakritesch Zeechen a Sonnerzeechenè
Oppassen: mir hu keen "è" (eleng, reng, Bengel), ausser wann d'Wuert aus dem Franséischen iwwerholl gëtt, da bleift den "è" stoen:
ç, â, ê, ô, î, û
Den c mat Cédille (ç) gëtt et, grad ewéi den Accent circonflexe ("Hittchen" - ^), nëmme bei deene Wierder, déi onverännert aus dem Franséischen iwwerholl goufen: Garçon, Bâtonnier, Boîte, Côte, Gêne, (mä:genéieren), Piqûre,... E puer Ausname gëtt et do, wou et datselwecht Wuert am Däitsche gëtt, an do keen Hittchen am Gebrauch ass: Diplom, Hotel, Theater,... ß
Den däitsche schaarfen "s" (ß) gëtt am Lëtzebuergeschen net gebraucht. Ufank- a Schlusskonsonantend-t-b-p-f-w
De Schlusskonsonant d-t-b-p-f-w riicht sech nom däitsche Schrëftbild, och wann dee Konsonant am Lëtzebuergesche beim Verlängeren net betount ausgeschwat gëtt (e Brot/broden):
Ass keng esou Ofleedung méiglech, da gëtt den haarde Konsonant (t-p-f) geholl. G oder ch um Schluss ?
Banne bleift de "g" nom däitsche Schrëftbild stoen:
De "g" bleift och normalerweis um Enn wéi am Däitschen; just wann d'Silb kuerz a betount ass, schreiwe mir den "ch":
V oder f um Ufank ?
De v oder f als Ufanksbuschtaf steet nom däitsche Schrëftbild:
J
Et gëtt bei der Schreifweis keen Ënnerscheed (méi) gemaach, ob de "j" als Reiflaut (wéi a "Jicken") oder "mouilléiert" (wéi a "jo") ausgeschwat gëtt. De "jh", wéi et e fréier gouf, existéiert just nach bei vereenzelten Eegennimm (z.B. beim Jhemp Hoscheit). Wierder déi aus anere Sproochen iwwerholl sinnDéi Wierder, déi aus dem Däitschen, Franséischen, Engleschen oder Italiéineschen iwwerholl gi sinn, an esou geschwat bleiwen, ginn normalerweis och esou wéi an der Originalsprooch geschriwwen. Mir hale bei griichesch-laténgesch a romanesche (franséische) Wierder hiert "Gesiicht" bäi: Geographie – Comité – Chouer – Chrëschtdag – Courage – Cours – Computer… Ausser bei Wierder, déi am Däitsche scho g'ännert goufen: Foto - Elefant - Telefon Oppassen op d'Schreifweis vun agebiergerte Wierder: Tëlee - Vëlo ! D'Méizuel bei Wierder mat franséischen Originnen
De franséische Pluriel op "s", "es" an "x" fält ewech, a gëtt ersat duerch d'Méizuelendungen "en" oder "er".
Net ausgeschwate Schlusskonsonante bleiwen:
Bei zesummegesate Wierder komme Bindestrécher (an oft e Bindungs-S) dertëscht:
Den ApostrophDen Apostroph (') steet wéi an anere Sproochen, fir een oder méi Buschtawen, déi ewechfalen a genee op där Plaz, wou s'ewechgelooss ginn:
Den 't gëtt ëmmer klenggeschriwwen och wann en am Ufank vun engem Saz steet. Beispill: Wéi war d'Wieder? 't war gutt. Grouss a kleng, getrennt oder zesummen ?Grouss a kleng, oder getrennt riicht sech nom däitsche Gebrauch! De Liaisouns-S oder -NHeiansdo gëtt en "s" oder "n" ausgeschwat, deen "am Fong" net zum Wuert gehéiert, mä just déngt, fir d'Wuert besser auszeschwätzen. Dës Liaisouns-N-en oder -S-e ginn eenzel geschriwwen an net un d'Wuert virdrun ugehaangen:
|
Literatur
- Braun, Josy, 2007. Eis Sprooch richteg schreiwen. 13. Oplo. Rapidpress, Bartreng.
- Schanen, François & Jacqui Zimmer, 2006. 1,2,3 Lëtzebuergesch Grammaire, Band 3: L'orthographe. Schortgen, Esch-sur-Alzette. ISBN 978-2-87953-022-2.
- Schanen, François & Jérôme Lulling, 2003. Introduction à l'orthographe luxembourgeoise. Description systématisée de l'orthographe officielle luxembourgeoise telle qu'exposée en annexe de l'arrêté ministériel du 10/10/1975 et modifiée par les révisions proposées en annexe du règlement grand-ducal du 30/07/1999. 140 S. (PDF 1,1 MB).