Schabloun:Info Wiktionnaire

Gudde moien,

Mir maachen ons Mataarbechter drop opmierksam, datt am Fall wou Sproochesektiounen ugeluecht goufen, déi net dem Minimum vun de Critèren entspriechen, déi Sektioune Gefor lafen, fir kuerzfristeg geläscht ze ginn. Falsch Lemmae ginn direkt geläscht. Am Fall wou Sektiounen net korrekt ugeluecht goufen, kréie se eng Schabloun verpasst an där steet wat g'ännert oder verbessert muss ginn. Wann déi Schabloun méi wéi aacht Deeg an där Sektioun steet, an et ass näischt geschitt, gëtt déi Sektioun d'office geläscht. De Benotzer deen déi Sektioun ugeluecht huet gëtt iwwer deen Zoustand op senger Diskussiounssäit informéiert.

Wann Dir dëst Schëld op Ärer Diskussiounssäit fannt, an Dir weiderfuert Artikelen unzeleeën, déi net dem Minimum vun der Formatéierung entspriechen, ginn déi Artikelen direkt geläscht, an Dir gitt als IP-Benotzer gespaart. All IP déi Artikele mat Feeler uleet oder ugeluecht huet gëtt d'office gespaart. Den lb:Wiktionnaire ass keng Sandkaul fir Leit déi an anere Wiktionnairë kee Fouss op de Buedem kréien, keen uerdentlecht Lëtzebuergesch kënnen, an an anere Sproochen, hei dubiéis Saache vu sech ginn.

All Artikel an enger friemer Sprooch, deen net vun engem ugemellte Benotzer ugeluecht gouf, deen op senger Benotzersäit confirméiert huet datt en déi Sprooch wéi seng Mammesprooch beherrscht, gëtt och geläscht. Dat gëllt net fir Franséisch, Däitsch, Englesch, an Hollännesch.