Hëllef:Éischt Schrëtt

« [[Hëllef:{{{viregt Säit}}}|{{{viregt Säit}}}]] Wiktionnaire - Handbuch Sandkaul »


Deng éischt Schrëtt méchs du am beschten an der Sandkaul! Dës Säit ass nämlech reng zum Testen a Probéiere geduecht.

Einfach Textännerungen

änneren
Schratt Wat s du méchs Wat geschitt

1


 

Klick hei op de Link Hëllef:Sandkaul (am beschte méchs du eng zweet Fënster op, fir datt s du dës Erklärunge permanent vrun An hues).

D'Säit "Sandkaul" gëtt ugewisen. Et ka sinn datt do schonn allerhand Text vun anere Leit do steet.


2


 

Klick op de Link änneren uewen am Menu.
Ënnert der Ännerungsfënster fënns du e Link "Eng Säit änneren", deen s du als Informatiounsquell am beschten an enger neier Fënster opméchs.

Eng nei Säit gëtt ugewisen. Do gesäis du de Contenu vun der "Sandkaul" an enger sougenannter 'Editbox', wou s du den Text ännere kanns.

Eventuell gesäis du och e puer komesch Symboler. Dës sougenannten "Tags" suerge fir d'Formatéierung vum Artikel a fir d'Links tëscht de verschiddenen Artikel. Déi wichtegst "Tags" ginn ënner "Eng Säit änneren" an "Verlinken" erklärt.


3


 

Maach e puer Ännerungen a klick dann op Säit späicheren

Paragraphë kanns du z.B. duerch eng eidel Zeil maachen.

D'Säit ass elo gespäichert an all Benotzer gesäit se elo esou, wéi s du se gesäis.

Wann allerdéngs an der Tëschenzäit en Aneren och um Text geschafft huet, kann et zu engem sougenannte "Versiounskonflikt" kommen. An dësem Fall gëtt am ieweschten Textfeld den Text vum anere Benotzer ugewisen, an ënnen däin Text an dertëscht den Ënnerscheed tëscht deenen zwou Versiounen. Nëmmen den Text am ieweschten Textfeld gëtt gespäichert wann s du elo nees op "Säit späichere" klicks.

Verlinken an nei Säiten

änneren
Schratt Wat s du méchs Wat geschitt

1


 

Klick nach eemol op Säit änneren a setzt en Text an duebelen eckege Klamere bäi, zum Beispill: [[Moien]]. Klick op Kucken ouni ofzespäicheren, a kuck dir d'Resultat un.

Un dëser Plaz hu mir Tipp fir Macintosh-Benotzer.

Elo gesäit een e Link op d'Säit Moien. Wann et schonn eng Aschreiwung zu dësem Wuert gëtt, brauchs du nëmmen op de Link ze klicken, fir dohinner ze kommen.


2


 

Falls den Text deen s du schreifs net mam Artikelnumm identesch ass, geet dat esou:
An der [[Griichesch Mythologie|griichescher Mythologie]] gëtt et....
Direkt emol probéieren: Op änneren klicken, an de Resultat kucken an deem s du Kucken ouni ofzespäicheren drécks.

Elo gesäit een den Text:
An der griichescher Mythologie gëtt et...


3


 

Maach elo e Link op eng Säit déi et nach net gëtt. Esou: [[Dës Säit gëtt et nach net]]

Dat gesäit dann esou aus: Dës Säit gëtt et nach net. Déi rout Faarf signaliséiert, datt et zu dësem Numm nach keen Artikel gëtt.


4


 

Klick op de roude Link.

D'Ännerungsfënster fir den neien Artikel gëtt ugewisen. Do kann elo en neien Artikel geschriwwe ginn. Dobäi ass et awer sënnvoll sech un der Formatvirlag z'orientéieren.


Wat de Wiktionnaire net ass Handbuch Sandkaul