Ob am Lëtzebuergeschen de Konsonant n um Enn vun engem Wuert (oder am Silbegelenk vun zesummegesatene Wierder) ausgeschwat/geschriwwe gëtt, hänkt dovunner of, mat wéi engem Konsonant dat Wuert duerno ufänkt.

Déi komplex phonologesch Reegel, déi dofir responsabel ass, gëtt Eifeler Reegel oder Äifler Reegel genannt; aner Bezeechnunge fir dëse Phenomen sinn n-Tilgung, mobile-n, n-mobile, oder mobile-n deletion. Et handelt sech dobäi ëm eng sougenannt Sandhi-Reegel, wouduerch de phonologesche Kontakt tëschent zwee Wierder gereegelt gëtt.

An enger staark vereinfachter Form kann ee soen: 'En /n/ um Enn vum Wuert gëtt ewechgelooss, wann dat Wuert dono net mat engem Vokal oder de Konsonanten / h, d, dsch, t, ts (och: z), tsch/ (= all glottal an alveolar Konsonanten) oder n ufänkt oder direkt dono e Sazzeeche kënnt (z. B. Komma, Punkt, Klamer, etc.).'

Beispiller, bei deenen den n ewechgelooss gëtt:

Wa mer do sinn    an net: Wann mer do sinn
De 4. Mee    an net: Den 4. Mee
Dammeschong    an net: Dammenschong
De Wäi gëtt gutt    an net: De Wäin gëtt gutt

Beispiller, bei deenen den n ëmmer stoe bleift:

  • Bei alle Wierder déi mat de Vokalen i, u, e, o, a ufänken:
    • den Ierger, den Uwe, den Eemer, den Owend, den Af
  • Bei Wierder déi mat engem y ufänken, wann no dem y e Konsonant steet:
    • den Yves, den Yvon, vun Ypres
  • Bei Wierder déi mat de Konsonanten n, d, t, z, h ufänken:
    • den Nol, deen Daag, en Tuerm, keen Zement, däin Haus,
  • Virun de Wierder si, se, sech, säin, seng, a sou ass den n fakultativ:
    • Muer komme(n) seng Kanner, ech si(nn) sou midd.
  • Virun all Sazzeechen bleift den n stoen:
    • Dat ass schéin, mä et ass deier.
    • Si koumen (wéi ëmmer) ze spéit.
    • Do kanns de nëmmenmon oeil ” soen.
  • Um Enn vun Eegennimm:
    • Den Här Neyen kënnt.
    • Zu Lëntgen reent et.
    • Um Amberknäppchen wiesst Hammbier.
    • An Italien gëtt et kal.

Beispiller, bei deenen den /n/ ewechfällt

de_ Gorilla, Fritte_fett, a_maachen

Speziell Fäll, bei deenen den /n/ d'Resultat oder de Rescht vun engem nasale Schwénglaut ass

  • Wierder, déi op -ioun ophalen, verléieren ni den /n/ (Organisatioun maachen, net: Organisatiou_ maachen).
  • Wierder, déi op -nn ophalen (just mat laang ausgeschwatenem /n/, mee net sinn, hunn, etc.) verléiren ni den /n/ (dënn maachen, net: dë_ maachen).
  • Wierder, déi op -n ophalen (just mat laang ausgeschwatenem /n/) verléieren ni den /n/ (Roman liesen, net: Roma_ liesen).
  • Wierder, déi op -in ophalen (just fir déi weiblech Form vu Beruffer/Persounebezeechnungen) verléiren ni den /n/ (d'Professorin froen, net: d'Professori_ froen).

Dacks schreiwe linguistesch Studien, datt den /n/ virun engem /n/ net ausgeschwat gëtt. Der 1999er Schreifweis no gëtt deen <n> an dëse Fäll trotzdeem geschriwwen (<den Numm>), mä phoneetesch gesinn ass do keen ([de Numm]).

Fir ze liesen

änneren

Fir ze lauschteren

änneren

Kuckt och

änneren

Referenzen

änneren


  Artikel op Wikipedia  Eifeler Reegel