Wéini haalt Dir op meat deenen onnëtzen Definitiounsiwwerschrëften? änneren

Ass dat esou schwéier fir dat ze bekäppen? A wéi steet et mat den Interwikien? An Zukunft gëtt all Artikel ouni Interwiki geläscht. --Les Meloures (Diskussioun) 18:17, 29. Dez. 2013 (UTC)Äntweren

  Gudde moien,

Mir maachen ons Mataarbechter drop opmierksam, datt am Fall wou Sproochesektiounen ugeluecht goufen, déi net dem Minimum vun de Critèren entspriechen, déi Sektioune Gefor lafen, fir kuerzfristeg geläscht ze ginn. Falsch Lemmae ginn direkt geläscht. Am Fall wou Sektiounen net korrekt ugeluecht goufen, kréie se eng Schabloun verpasst an där steet wat g'ännert oder verbessert muss ginn. Wann déi Schabloun méi wéi aacht Deeg an där Sektioun steet, an et ass näischt geschitt, gëtt déi Sektioun d'office geläscht. De Benotzer deen déi Sektioun ugeluecht huet gëtt iwwer deen Zoustand op senger Diskussiounssäit informéiert.

Wann Dir dëst Schëld op Ärer Diskussiounssäit fannt, an Dir weiderfuert Artikelen unzeleeën, déi net dem Minimum vun der Formatéierung entspriechen, ginn déi Artikelen direkt geläscht, an Dir gitt als IP-Benotzer gespaart. All IP déi Artikele mat Feeler uleet oder ugeluecht huet gëtt d'office gespaart. Den lb:Wiktionnaire ass keng Sandkaul fir Leit déi an anere Wiktionnairë kee Fouss op de Buedem kréien, keen uerdentlecht Lëtzebuergesch kënnen, an an anere Sproochen, hei dubiéis Saache vu sech ginn.

All Artikel an enger friemer Sprooch, deen net vun engem ugemellte Benotzer ugeluecht gouf, deen op senger Benotzersäit confirméiert huet datt en déi Sprooch wéi seng Mammesprooch beherrscht, gëtt och geläscht. Dat gëllt net fir Franséisch, Däitsch, Englesch, an Hollännesch.

Gudde Moien,

Haalt w.e.g. op dermatter onnëtz Ënnertitelen au d'Artikelen ze setzen. Wann et Interwikië gëtt sollen déi och bäigesat ginn.

Wann der dat net fäerdegbréngt, wat dem Minimum entsprécht, da muss Är Adress blockéiert ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 07:43, 17. Dez. 2012 (UTC)Äntweren


Haalt op mat dem falschen Uleeë vu Kategorien. Wann der dat nach eng Kéier maacht gitt Dir gespaart. Dir maacht doduerch nëmmen duebel Aarbecht an Duercherneen. --Les Meloures (Diskussioun) 12:50, 17. Dez. 2012 (UTC)Äntweren


Et wier flott wa mer d'Adjektiver net mat de Substantiver géife verwiesselen. Wann Dir d'Saach net méi serieux kënnt upaken wier et besser Dir géift ophalen. --Les Meloures (Diskussioun) 18:23, 18. Dez. 2012 (UTC)Äntweren
Haalt w.e.g. op Ënnertitelen an d'Säiten ze setzen ënner deenen näischt steet. --Les Meloures (Diskussioun) 09:27, 19. Dez. 2012 (UTC)Äntweren


Dir wëllt anscheinend net bekäppen, wat Dir hei gesot kritt. Dofir gitt dir elo mol fir 3 Deeg gepaart. --Les Meloures (Diskussioun) 09:18, 21. Dez. 2012 (UTC)Äntweren


Haalt wann ech gelift mat deem Definitiounsquatsch op. --Les Meloures (Diskussioun) 11:05, 23. Abr. 2013 (UTC)Äntweren

Dëst ass d'Diskussiounssäit fir en anonymme Benotzer deen nach kee Kont opgemaach huet oder en net benotzt. Dowéinst musse mir d'IP Adress benotzen, fir de Benotzer z'identifizéieren.

Sou eng IP Adress ka vun e puer Benotzer gedeelt ginn. Wann Dir en anonymme Benotzer sidd an Dir net-relevant Bemierkunge krut, maacht wgl. e Kont op oder loggt Iech an, fir weider Verwiesslunge mat aneren anonymme Benotzer ze verhënneren.