Gudde moien,

Mir maachen ons Mataarbechter drop opmierksam, datt am Fall wou Sproochesektiounen ugeluecht goufen, déi net dem Minimum vun de Critèren entspriechen, déi Sektioune Gefor lafen, fir kuerzfristeg geläscht ze ginn. Falsch Lemmae ginn direkt geläscht. Am Fall wou Sektiounen net korrekt ugeluecht goufen, kréie se eng Schabloun verpasst an där steet wat g'ännert oder verbessert muss ginn. Wann déi Schabloun méi wéi aacht Deeg an där Sektioun steet, an et ass näischt geschitt, gëtt déi Sektioun d'office geläscht. De Benotzer deen déi Sektioun ugeluecht huet gëtt iwwer deen Zoustand op senger Diskussiounssäit informéiert.

Wann Dir dëst Schëld op Ärer Diskussiounssäit fannt, an Dir weiderfuert Artikelen unzeleeën, déi net dem Minimum vun der Formatéierung entspriechen, ginn déi Artikelen direkt geläscht, an Dir gitt als IP-Benotzer gespaart. All IP déi Artikele mat Feeler uleet oder ugeluecht huet gëtt d'office gespaart. Den lb:Wiktionnaire ass keng Sandkaul fir Leit déi an anere Wiktionnairë kee Fouss op de Buedem kréien, keen uerdentlecht Lëtzebuergesch kënnen, an an anere Sproochen, hei dubiéis Saache vu sech ginn.

All Artikel an enger friemer Sprooch, deen net vun engem ugemellte Benotzer ugeluecht gouf, deen op senger Benotzersäit confirméiert huet datt en déi Sprooch wéi seng Mammesprooch beherrscht, gëtt och geläscht. Dat gëllt net fir Franséisch, Däitsch, Englesch, an Hollännesch.

Dëst ass d'Diskussiounssäit fir en anonyme Benotzer deen nach kee Kont opgemaach huet oder en net benotzt. Dowéinst musse mir d'IP Adress benotzen, fir de Benotzer z'identifizéieren. Sou eng IP Adress ka vun e puer Benotzer gedeelt ginn. Wann Dir en anonyme Benotzer sidd an Dir irrelevant Kommentäre krut, maacht w.e.g. e Kont op oder loggt Iech an, fir weider Verwiesselunge mat anonyme Benotzer ze verhënneren.
Nei Messagen op dëser Diskussiounssäit stinn ënner dem Begréissungstext.
Moie Benotzer mat der IP-Adress 78.20.195.87,

wëllkomm um Wiktionnaire op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi um Wiktionnaire! Mir schaffen hei zesummen dorunner, e fräi zougänglechen, gratis, neutralen a méiglechst ausféierlechen Dictionnaire op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dëst Zil méi no bréngt: Sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun dobäizesetzen oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Är Contributioune gi mat Ärer IP-Adress gespäichert. Sech Umellen huet eng Rëtsch Virdeeler, dorënner d'Méiglechkeet, Biller eropzelueden. Dir hutt no véier Deeg dann och d'Méiglechkeet, semi-protegéiert Säiten z'änneren.

Dës Säit hei ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet esou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (esou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".

Et ass och erwënscht datt Dir op Ärer Benotzersäit d'Babelinformatiounen asetzt fir datt aner Benotzer wëssen a wat fir enger Sprooch si mat Iech korrespondéiere kënnen.
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!



Dëst ass d'Diskussiounssäit fir en anonymme Benotzer deen nach kee Kont opgemaach huet oder en net benotzt. Dowéinst musse mir d'IP Adress benotzen, fir de Benotzer z'identifizéieren.

Sou eng IP Adress ka vun e puer Benotzer gedeelt ginn. Wann Dir en anonymme Benotzer sidd an Dir net-relevant Bemierkunge krut, maacht wgl. e Kont op oder loggt Iech an, fir weider Verwiesslunge mat aneren anonymme Benotzer ze verhënneren.