Allgemeng

änneren
A a

Den A respektiv a ass den éischte Buschtaf am laténgeschen an am kyrilleschen Alphabet. Et ass e Vokal deen a verschiddene Vokallängten ausgeschwat gëtt. Am Griicheschen ass et de Buschtaf Alpha. Et ass och d'réimescht Zuelenzeeche fir 5000.

Riedensaarten:

  • Deen A seet muss och B soen
  • Vun A bis Z.

Aussprooch (IPA): [a] (kuerz ausgeschwat wéi bei Papp) Aussprooch (IPA): [aː] (laang ausgeschwat wéi bei glat)


Laténgesch Buschtawen

Aa  Bb  Cc  Dd  Ee  Ff  Gg  Hh  Ii  Jj  Kk  Ll  Mm  Nn  Oo  Pp  Qq  Rr  Ss  Tt  Uu  Vv  Ww  Xx  Yy  Zz 

 
(1) Mënschlecht A

Substantiv
  Anatomie

A  n, Méizuel: Aen

Aussprooch (IPA): [aː], Méizuel: Aussprooch (IPA): [aːən]

Bedeitung:

[1] D'Sënnesorgan fir ze kucken
[2] Fir Saachen déi un en A erënneren
[3] De Schotz, de Knapp oder d'Kéng bei enger Planz
[4] Wisen oder Bëscher an engem Flossdall mat engem héije Grondwaasserspigel an déi reegelméisseg iwwerschwemmt ginn
[5] Symbol vun der Moosseenheet Ampère
[6] Fettttéinen op enger Zopp

Bsp:

[1] Maach deng Aen op!
[1] Hie krut eng op d'A.
[2] Et ware vill Aen op der Héngerbritt. (Fettaen)
[3] Gromperen haten nach vill Aen. (se ware schlecht gebotzt oder geschielt)
[4] Meeschten nach a Flouernimm oder an Urtschaftnimm erëmzefannen z. B. Méchela