Lëtzebuergesch änneren

Verb (or) {{Trans)

Wuerttrennung:

wël-len

Aussprooch (IPA): ['vələn]

Bedeitung:

  1. eppes vun engem verlaangen
  2. sech eppes wënschen (nëmmen am Conditionel)
  3. am Sënn vun an de Besëtz kommen

Bsp:

[1] De Staat wëll, datt mir méi Steier bezuelen
[2] Déi al Fra wéilt, de Wanter wier eriwwer
[3] Meng Fra wëll en Auto mat engem oppenen Daach

Verb (or) (intrans.)

Bedeitung:

  1. net méi matmaachen, net méi funktionéieren

Bsp:

hie géif nach gär goen awer seng Gelenker wëllen net méi sou richteg.
den alen Auto wëll net méi sou richteg

Modalverb

Bedeitung:

  1. d'Absicht oder de Wonsch hunn, fir eppes ze maachen
  2. virginn eppes ze sinn

Bsp:

[1] Ech wëll goen.
[2] Hie wëll nees de grousse Mecanicien spillen