Lëtzebuergesch änneren

 
Päerd

Substantiv n (pl: Päerd)

Aussprooch (IPA): [pɛːɐ̯t]   Aussprooch (pl): [pɛːɐ̯t]

Bedeitung:

  1. Hausdéier
  2. eng Schachfigur
  3. Kraaft ofgeleet vun der Bewegung vun engem Päerd

Iwwerbegrëffer:

[1] Déier

Ënnerbegrëffer:

[1] Bauerepäerd, Brauereispäerd, Reitpäerd, Schaffpäerd, Zuchpäerd

Bsp:

[1] Hie fiert mat véier Päerd um Won.
[1] D'Päerd geet gutt an d'Gestell, an de Plou, an de Won.
[1] E gudde Fouermann muss mat de Päerd ëmgoe kënnen.

Ofgeleet Begrëffer:

[1] Päerdsfleesch, Päerdshoer, Päerdsmëscht

Riedensaarten änneren

[1] d'Päerd uspanen
[1] op dat falscht Päerd setzen


  Artikel op Wikipedia  Päerd